Mir sinn Luxembourg Philharmonia, ee Sinfonieorchester mat 90 Musekern a Musekerinnen. Et spillen esou wuel verséiert Hobby-Instrumentalisten, wéi och geschwënn oder scho pensionéiert Profien.


Den Haaptrepertoire vum Orchester ëmfaasst déi grouss Sinfonien vum Beethoven bis Schostakowitsch, mee den Orchester weist sech och oppe viv-á-vis vun zäitgënessesche Wierker.

Martin Elmquist steet als Dirigent säit 1996 un der Spëtz vum Orchester.


Seng räich perséinlich Erfahrung a säi selbstbewosste Stil waren ëmmer immens wäertvoll fir mam Orchester nei Erausfuerderungen unzegoen.

Klickt fir méi Info

Mir spillen reegelméisseg an de Concertshaiser zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend. Heiansdo tourt den Orchester esou guer duerch Europa.


Eis Orchester steet ganz am europäesche Gedanken mat Musekerinnen a Musekern déi vu Spuenien bis Finnland de Wee an den Ensembel fonnt hunn.

Eis Sponsoren

Villmols Merci!

Mitglieder